Kultur

Kultur

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
00:00
00:00

Resumen del episodio

A sengem Buch ‘Jeder nach seinem Kopf’ aus dem Wagenbach Verlag begéine mir Kënschtlergeschichten an Anekdoten, déi den Giorgio Vasari am Alldag vun esou grousse Meeschteren ewéi Raffael, Michelangelo oder Leonardo da Vinci opgegraff huet. Wéi de Vasari des Kënschtler op eng ganz ënnerhalsam Aart a Weis vum héije Sockel erof hëlt, dat verréit eis elo de Léon Rinaldetti.

Episodios

5877-

Giorgio Vasari, Jeder nach seinem Kopf. Wagenbach: Kritik

A sengem Buch ‘Jeder nach seinem Kopf’ aus dem Wagenbach Verlag begéine mir Kënschtlergeschichten an Anekdoten, déi den Giorgio Vasari am Alldag vun esou grousse Meeschteren ewéi Raffael, Michelangelo oder Leonardo da Vinci opgegraff huet. Wéi de Vasari des Kënschtler op eng ganz ënnerhalsam Aart a Weis vum héije Sockel erof hëlt, dat verréit eis elo de Léon Rinaldetti.

12 oct. 2026
5876-

Like A Jazz Machine 2026

Do wou eng Pop- der Rockband muss ee Concert spillen, ginn d’Saachen eescht. Déi eng oder aner Linn nach eemol prouwen, déi héich Nout treffen, trotzdem den Hals kraazt, an ass de Sound ok? Jazz-Museker hunn do e bësse méi eng relax Manéier. Mat Millioune geliesene Partituren, honnerte vun Impro-Sessions an enger bommesëcherer musikalescher Intuitioun, kann een am Moment liewen, an och spillen. Dat huet dëst Joer dee fir d’éischt am Hierscht organiséierten, wichstegste Jazz Festival am Land liek a Jazz Machine nach eemol gewisen.

12 oct. 2026
5875-

Filmkritik: "Ni vue, ni connue"

Eng eeler Actrice, déi et ni iwwer Niewerollen eraus gepackt huet, mécht sech u confirméiert Schauspillerinnen erun, fir et endlech zum Duerchbroch ze bréngen. Dem Marc Fitoussi seng Komedie hëlt eng ironesch Distanz zur Isabelle Huppert hirem Statut als international Filmdiva. Eng Kritik vum Michel Delage.

09 oct. 2026
5874-

Filmkritik: "Primetime"

A senger Reality TV-Emissioun lackelt en Animateur méiglech Kannervergewalteger an d'Fal. Dem Lance Oppenheim säin Debutfilm exploréiert déi ruckelzeg moralesch Ofgrënn, an déi d'Medien, am Zesummeschloss mat der Police a Selbstjustiz-Gruppen, kënnen ofstierzen. Eng Kritik vum Michel Delage.

09 oct. 2026
5873-

Lëtzebuerg op der Vienna Design Week

Dëst Joer war Lëtzebuerg Gaaschtland op der Vienna Design Week – an an der Ausstellung "Two O Eight Designing Voices" huet sech alles em d’Stëmm vum Design gedréint. Och de Radio 100,7 ass an de Projet implizéiert: An enger zäitloser Radiostatioun kënnen d’Visiteuren sech eng Vinyl kropen an an enger Kabinn ee Podcast mat engem vun 30 vum Marc Clement interviewten Designer:inne lauschteren, d’Radio 100,7-Freelancerin Emma Hizette huet eng Parti Live-Interviews, an deenen Lëtzebuerger Designer:inne mat engem auslännesche Binôme diskutéiert hunn, gemaach. Am Jeff Schinker senger Reportage gi mer gewuer, wéi et zu der Invitatioun op Wien koum, wat d'konzeptuell an zeenographesch Erausfuerderunge vun der Ausstellung waren a wisou et wichteg ass, dass mat dëser Expo, déi och als Archiv funktionéiert, éischt Schrëtt a Richtung Geschichtsschreiwung vum Lëtzebuerger Design ënnerholl goufen.

09 oct. 2026